Wa gläich dräi Ministeren e Projet virstellen, muss et sech ëm eng ganz grouss Saach dréinen. Oder eventuell dach nët?

Des Woch ass der Press den neie Projet “Holz vun hei“ virgestallt ginn.

Fir et direkt ze soen: mir sti voll a ganz hannert der Iddi vun de kuerze Weeër, wann eppes produzéiert gëtt. Eise Respekt deemno fir dem erwähnte Schräiner säin Asaz.„Holz vun hei“ wär eng gutt Saach, huet awer eng Rei Lakünnen an ass net zu Enn geduecht, an ass virun Allem op marginal Quantitéiten ausgeriicht.

Dat wëssen och Är Leit an de Ministère an duerfir hutt Dir eis net alles gesot.

Well den Numm „Holz vun hei“ kee Label ass, net kontrolléiert gëtt, an duerfir net bei enger Ausschreiwung ka matmaachen, läit säit Méint eng aner Démarche am Tirang vum MENV a vum Holzcluster. Wi esou oft si Dir d’Iddien bei eis Noperen fëschen gaangen. “Holz von hier” ass en däitsche Label, deen, wann eis Informatioune vun MENV an ANF stëmmen, näischt ze dinn huet mat ”Holz vun hei”, wat e lëtzebuerger Begrëff ass, a scho säit iwwer zeng Joer am Opbau ass. „Holz von hier“ soll elo lëtzebuerger Holzprodukter generell am Land transparent an novollzéibar maachen.

Wa mer de Label „Holz von hier“ op seng Qualitéit a seng Glaawwierdegkeet hin iwwerpréiwen, ass genee de Géigendeel de Fall.

D’Holz kënnt bekanntlech aus dem Bësch. “Holz von hier” seet, hiert Holz kéim aus zertifizéierte Bëscher (FSC oder PEFC). Di Ausso ass absolut wäertlos, well “Holz von hier” den Ursprong vum Holz net ka beweisen. Am Géigesaz dozou musse Betriber di FSC zertifizéiert sinn, all Joer eng extern, käschtenopwändeg Kontroll iwwer sech ergoe loossen, fir d’Veraarbechtungsketten nozeweisen. Nëmmen duerch esou eng extern Kontroll ass de Verbraucher sécher, dass hie keng Mogelpackung keeft!

“Holz von hier” mécht dat net, och net doduerch, dass de Label behaapt, den Noweis vun de kuerzen Distanzen géing elektronesch kontrolléiert ginn, also ouni externen Auditeur. „Holz vun hei“ gëtt guer net kontrolléiert.

Wann ech als Konsument gären en Dësch kafen, deen aus kontrolléierten, nohaltegen an zertifizéierte Bëscher kënnt, da mussen de Bësch, d’Seeërei an de Schräiner zertifizéiert sinn. Dat ass hei net de Fall, weder bei „Holz vun hei“ , nach bei “ Holz von hier“, an de Client kann net un Hand vun der Nummer um Produkt (z.B. FSC*CO14138) erkennen, dass et de Reegele vun enger nohalteger Holzproduktioun entsprécht.

D’Absicht vun “Holz von hier”, nëmmen Holz aus zertifizéierte Bëscher unzehuelen, ass schwéier an de ländleche Regiounen hei zu Lëtzebuerg ëmzesetzen, well zwar all grouss Gemengen FSC zertifizéiert sinn, di meescht vun de klenge Gemengen um Land awer net. Ausgerechent di Gemengen aus der Heemechtsregioun vun der Mme Dieschbourg, d’Regioun vum Naturpark Mëllerdall, wiere sech säit Joren géint en FSC Zertifikat, obwuel dee Label gratis ass. Mir erënneren drun, dass FSC vum WWF a vu Greenpeace an d‘Liewe geruff gouf. Och di meescht Gemengen aus den zwee aner Naturparken wëllen näischt vun enger Zertifizéirung wëssen.

Wéi steet et deemno mat der Virbildfunktioun vun esou engem Naturpark, fir déi hie jo eigentlech mat Steiergelder finanzéiert gëtt?

FSC bedauert, dass am Virfeld zum Projet „Holz vun hei“ keng offen an éierlech Diskussioun mat den Auteuren méiglech war, mir ënnerstëtzen de Prinzip vun de kuerze Weeër, mee de Konsument muss d’Garantie hunn, dass d’Matière première och tatsächlech aus nohalteger Bëschwirtschaft kënnt.

MENV an ANF sollten sech duerfir konsequent asetzen, fir all eis Bëscher an eis Veraarbëchterbetrieber no den international unerkannte Reegele vun engem nohaltegen Holz ze zertifizéieren. Eréischt da kann de Konsument mat rouegem Gewëssen säin Dësch “vun hei” kafen.

FSC huet de MENV an d’ANF e puermol drop higewisen, dass „Wäertholz fir de Schräiner“, esou traureg et och ass, an den nächste Joerzéngten keen Thema mi wäert sinn, well de rasanten Zouwuess vum Wëld wärend 20 Joer an eise Bëscher et net mi erlaabt, wäertvoll Beem an alternativ Bamaarten eropzezéien. Nieft dem Klimawandel ass d’Reduktioun vum Wëld den absolut prioritären Thema am Bësch. En adaptéierte Wëldmanagement misst dann och Dir Här Schneider gutt bei de Bauerekollege kënne verkafen.

Mir hoffen, dass Dir Mme Dieschbourg, Här Schneider an Här Turmes an der nächster Pressekonferenz eng Strategie op den Dësch leet, wéi mer an Zukunft kënnen eng zolidd an novollzéibar Basis schafen fir „Holz vun hei“.


Pit Mischo
President vun FSC Lëtzebuerg


Marc Parries
Sekretär vun FSC Lëtzebuerg